Wat ass d'digital Accessibilitéit?

Jiddweree muss déi op enger Websäit oder Applikatioun ugewisen Informatiounen einfach ofruffe kënnen, besonnesch Persoune mat enger Behënnerung an/oder déi eng Assistenz-Software oder spezialiséiert Material (blann Persounen, Persounen mat enger Behënnerung un den Aen oder engem aneren Handicap) benotzen.

D'digital Accessibilitéit ëmfaasst en Ensembel vu Reegelen a gudde Praktiken, déi besonnesch déi funktionell, grafesch, technesch a redaktionell Aspekter ofdecken.

En accessibele Site erméiglecht zum Beispill Follgendes:

  • Pesonaliséierung vum Affichage iwwer de Betribssystem an/oder de Browser (Vergréisserung oder Verklengerung vun der Schrëft, Ännerung vun der Typografie a vun de Faarwen, Stoppe vun den Animatiounen asw.)
  • Navigatioun mathëllef vun ënnerstëtzenden Technologien, wéi der Sproochsynthees oder enger Braillezeil
  • Navigatioun ouni d'Maus ze benotzen, nëmme mat der Tastatur, mat Schaltflächen oder iwwer en Touchscreen
  • Consultatioun vu Videoen an Audio-Inhalter mathëllef vun Ënnertitelen an/oder Transkriptiounen

Accessibilitéitspolitik

Den INFPC leet grousse Wäert op d'Accessibilitéit vu sengem Internetsite.

En ass beméit, dofir ze suergen, datt den RGAA (Allgemenge Referenzsystem fir d'Verbesserung vun der Accessibilitéit) agehale gëtt.

Fir dat beschtméiglecht Resultat ze erzilen, gëtt d'Accessibilitéit vun alle Persoune berücksichtegt, déi besonnesch un der Konzeptioun an un der Entwécklung vum Internetsite bedeelegt sinn.

Si ginn och vun externen Experte begleet, besonnesch beim Audit, den Arbitragen an der Iwwerpréiwung vun de Korrekture wärend der ganzer Konzeptiouns- an Entwécklungsphas.

Accessibilitéitserklärung

D'Organ „INFPC“ verflicht sech dozou, säin Internetsite am Aklang mam Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwert d’Accessibilitéit vu Websäiten a mobillen Appe vun Organer aus dem ëffentleche Secteur accessibel ze maachen.

Konformitéitsstatut

De Site „INFPC“ ass partiell konform mat der europäescher Norm EN 301 549 a mam allgemenge Referenzsystem fir d'Verbesserung vun der Accessibilitéit (RGAA) v4.1, deen dës Norm ëmsetzt, an dat opgrond vun den Elementer, déi heirënner opgelëscht ginn.

Testresultater

Aus dem Audit iwwer d'Konformitéit zum RGAA Versioun 4.1, deen tëschent Abrëll a Juni 2022 vun der Gesellschaft Ideance duerchgefouert gouf, geet ervir, datt fir den Echantillon:

  • de globale Konformitéitstaux bei 91,8 % läit (ermëttelt, andeem d'Zuel vu konforme Krittären duerch d'Zuel vun applizéierbare Krittäre gedeelt gëtt)
  • den duerchschnëttleche Konformitéitstaux bei 95,4 % läit (ermëttelt op der Basis vun der Moyenne vun de Konformitéitstauxe vun all eenzel Säit)

Net accessibel Inhalter

Net-Konformitéiten

Lëscht vun den net-konforme Krittären:

  • Bei der mobiller Navigatioun ass d'Inhaltsverzeechnes net mat de richtegen Elementer strukturéiert. Krittär 9.2.
  • Déi follgend Linke missten a Form vun enger Lëscht strukturéiert sinn: „Nëtzlech Linken“, „Gesetzlech Grondlagen“ an „Deelen“. Betraffene Krittär 9.3.
  • Ouni Hannergrondbild kënne verschidden Textelementer maskéiert an net accessibel si fir Benotzer, déi den Affichage personaliséieren. Betraffene Krittär 10.5.
  • Verschidden Inhalter op der Startsäit, déi op Däitsch oder Lëtzebuergesch verfaasst sinn, kreéieren op Ecrane mat enger Breet vun 320 Pixel oder manner eng horizontal Bildlafläischt. Betraffene Krittär 10.11.
  • De Quellcode, dee vun der Säit „Media Center“ generéiert gëtt, enthält nom W3C-Standard Feeler, déi op d'Imbricatioun vun Tags zeréckzeféiere sinn. Dës Elementer goufe getest, verursaachen awer keng blockéierend Problemer fir de Benotzer. Betraffene Krittär 8.3.

Disproportionéiert Belaaschtung

  • D'PDF-Dokumenter, déi um Site verfügbar sinn, entspriechen net der Norm EN 301 549 V2.1.2. Opgrond vun hirer Gréisst ass et momentan komplex, d'Accessibilitéitsufuerderunge vollstänneg ze berücksichtegen.

Inhalter, déi net an den Uwendungsberäich vum Gesetz vum 28. Mee 2019 falen

  • D'Videoen, déi virum 23. September 2020 vum INFPC realiséiert a verëffentlecht goufen

Zousätzlech Remarken

Dat follgend externt Element vum Site gouf net am Kader vun dësem éischten RGAA-Konformitéitsaudit analyséiert:

  • D'Funktioun „CookieBot“ fir d'Gestioun vun de Cookien

Den INFPC ass sech awer bewosst, datt dëst externt Element d'Accessibilitéit beanträchtege kann.

Dofir analyséiert den INFPC an nächster Zukunft d'Méiglechkeeten, wéi dës Feeler behuewe kënne ginn. Opgrond vun de Resutater vun dëser Analys gëtt dat Element entweeder korrigéiert oder ersat an duerno gepréift, fir an d'Resultater vun dësem Audit integréiert ze ginn.

Erstellung vun dëser Accessibilitéitserklärung

Dës Erklärung gouf den 2. Juni 2022 erstallt.

D'Angaben an dëser Erklärung si korrekt a baséieren op enger effektiver Konformitéitsbewäertung vum Internetsite mat den am RGAA 4.1 fixéierten Ufuerderungen, dorënner eng Evaluatioun, déi vun engem externen Acteur virgeholl gouf: Ideance.

Technologien, déi fir d'Realisatioun vum Site benotzt goufen

  • HTML5
  • SVG
  • ARIA
  • CSS
  • JavaScript

Testëmfeld

D'Tester goufe mat Kombinatiounen aus de follgende Webbrowseren a Screenreaderen duerchgefouert:

  • Firefox 98.0.2 an NVDA 2021.3.5
  • Firefox 98.0.2 an JAWS 2021
  • Safari a VoiceOver (macOS 12.3.1)
  • Safari a VoiceOver (iOS 15.4.1)

Instrumenter fir d'Bewäertung vun der Accessibilitéit

  • Colour Contrast Analyser
  • Contrast Finder
  • Firefox-Entwécklungsinstrumenter
  • Web Developer (Firefox-Extensioun)

Säite vum Site, déi op hir Konformitéit gepréift goufen

Aktiounsplang

Den INFPC engagéiert sech, fir e groussen Deel vun den aktuell net konforme Krittären am Laf vum Joer 2022 ze korrigéieren.

D'Begleedung bei dësem Prozess leeft aktuell an e Géigenaudit ass virgesinn.

Feedback a Kontakt

Sollt Dir e Problem am Bezuch mat der Accessibilitéit feststellen, biede mir Iech eis eng E-Mail un accessibilite@infpc.lu ze schécken: beschreift eis de Problem sou wéi déi concernéiert Internetsäit. Mir verflichten eis dozou, Iech bannent engem Mount z'äntweren.

Fir de Problem nohalteg ze behiewen a souwäit et räsonabel ass, gëtt eng Online-Korrektur vun der feelender Accessibilitéit privilegiéiert.

Sollt dëst net méiglech sinn, gëtt Iech déi gewënschten Informatioun op Wonsch an engem accessibele Format geschéckt:

  • schrëftlech an engem Dokument oder per E-Mail
  • mëndlech an engem Gespréich oder per Telefon

Prozeduren fir sécherzestellen, dass d'Dispositiounen agehale ginn

Am Fall wou d'Äntwert net zefriddestellend ass, hutt Dir och d'Méiglechkeet den Informatiouns- a Pressedéngscht (Service information et presse), dee fir d'Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, iwwert den Online-Formulaire fir Reklamatiounen, oder awer den Ombudsmann, Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, doriwwer ze informéieren.

Dës Erklärung baséiert op deem an der der Implementéierungsdecisioun (EU) 2018/1523 definéiertem Virlag-Dokument. Dës Virlag gehéiert der Europäescher Unioun, a steet ënnert enger Creative Commons Attribution 4.0 International Lizenz.