Kofinanzement vun der Formatioun an de Betriber

Informatiounsveranstaltungen op Lëtzebuergesch an op Franséisch

Dir sidd e Betrib, deen zu Lëtzebuerg etabléiert an haaptsächlech do aktiv ass?

Da kënnt Dir eng staatlech Bäihëllef fir d'Formatioun vun äre Mataarbechter ufroen. Dës Bäihëllef beleeft sech op 15% (steierflichteg) vum Joresbetrag, deen an d'Formatioun investéiert gëtt. Betriber, déi dës Bäihëllef an Usproch huele wëllen, mussen eng Kofinanzementsdemande areechen.

Eng Erhéijung ëm 20% gëtt et um Niveau vun de Lounkäschte vu Participanten, déi kee vun de staatlechen Autoritéiten unerkannten Diplom an eng Anciennetéit vu manner wéi 10 Joer hunn, a fir qualifizéiert Salariéen, déi zum Zäitpunkt vum Ëmsetze vum Formatiounsplang vun der Entreprise méi wéi 45 Joer al sinn.

Den INFPC begleet d'Entreprisen, déi eng staatlech Bäihëllef fir d'Formatioun an de Betriber ufroen an ënnersicht d'Demanden.

Méi doriwwer gewuer gitt Dir an den Informatiounsveranstaltungen, déi den INFPC zesumme mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an de Beruffschamberen organiséiert. Consultéiert um Portal lifelong-learning.lu och all déi nëtzlech Informatioune iwwer de Kofinanzement vun der Formatioun..

D'Participatioun ass gratis, d'Umeldung obligatoresch

  • An der Chambre de Commerce
    • 11.03.2024 op Franséisch, 13:00 - 14:00 Auer, Presentiel
    • 18.03.2024 op Lëtzebuergesch, 13:00 - 14:00 Auer, Presentiel
  • An der Chambre des Métiers
    • 20.03.2024 op Franséisch, 13:00 - 14:00 Auer, Presentiel
    • 27.03.2024 op Lëtzebuergesch, 13:00 - 14:00 Auer, Presentiel

Validation des acquis de l'expérience (VAE)

Informatiounsveranstaltungen op Lëtzebuergesch an op Franséisch

Dir hutt Iech op Ärer Aarbechtsplaz oder am Kader vun ausserberufflechen Aktivitéiten eng zolidd Erfarung ugëeegent? Dir wëllt Är Erfarung mat engem Diplom valoriséieren an Är Kompetenzen unerkenne loossen?

Informéiert Iech iwwer d'Validation des acquis de l'expérience (VAE). Si gëllt fir:

  • Certificaten an Diplomer vum Enseignement secondaire général, der Beruffsausbildung an de Brevet de maîtrise
  • Breveten an Diplomer vum Enseignement supérieur

Méi doriwwer gewuer gitt Dir an den Informatiounsveranstaltungen, déi den INFPC zesumme mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an de Beruffschamberen organiséiert. Consultéiert um Portal lifelong-learning.lu och all déi nëtzlech Informatioune iwwer d' Validation des acquis de l'expérience (VAE).

D'Participatioun ass gratis, d'Umeldung obligatoresch

  • 25.03.2024 op Lëtzebuergesch, 18:00 - 19:30 Auer, Presentiel a Livestream
  • 28.03.2024 op Franséisch, 18:00 - 19:30 Auer, Presentiel a Livestream

Formatiounscongé a -bäihëllefe fir Privatpersounen

Informatiounsveranstaltungen op Lëtzebuergesch an op Franséisch

Dir wëllt Iech forméieren, fir Är Kompetenzen auszebauen an Är Talenter ze stäerken oder de Beruff ze wiesselen an Är Karriär virunzedreiwen?

Mam individuelle Formatiounscongé kënnt Dir vun zousätzleche Congésdeeg profitéieren, fir Äre Projet ëmzesetzen. Ënner verschidde Konditioune sinn och aner Formatiounsbäihëllefe verfügbar.

Méi doriwwer gewuer gitt Dir an den Informatiounsveranstaltungen, déi den INFPC zesumme mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an de Beruffschamberen organiséiert. Consultéiert um Portal lifelong-learning.lu och all déi nëtzlech Informatioune iwwer de Formatiounscongé a -bäihëllefe fir Privatpersounen

D'Participatioun ass gratis, d'Umeldung obligatoresch

  • 13.05.2024 op Lëtzebuergesch, 18:00 - 19:30 Auer, Presentiel a Livestream
  • 06.05.2024 op Franséisch, 18:00 - 19:30 Auer, Presentiel a Livestream

Seng Visibilitéit als Formatiounsinstitut op lifelong-learning erhéijen

Informatiounsveranstaltung

Dir sidd en(g) agreéiert(e) Formatiounsinstitut, Formateur oder Formatrice? Dir wëllt iwwer Är Formatiounsaktivitéiten informéieren?

Profitéiert vun enger eenzegaarteger Visibilitéit, andeem Dir Member vu lifelong-learning gitt.

Mat méi ewéi 12.500 referenzéierte Formatiounen an 300 Formatiounsinstituter déi Member sinn, ass d'Portal lifelong-learning déi national Referenzplattform fir liewenslaangt Léieren.

Fir méi doriwwer gewuer ze ginn, kënnt Dir gären un der Informatiounsveranstaltung vum INFPC deelhuelen. Hei kritt Dir déi ugebuede Servicer an d'Virdeeler, fir referenzéiert ze sinn an esou Är Formatioune presentéieren ze kënnen, virgestallt. Consultéiert um Portal lifelong-learning.lu och all déi nëtzlech Informatioune fir Déngschtleeschter aus dem Beräich vun der Formatioun: agreéiert Formatiounsinstitut zu Lëtzebuerg ginn, seng Formatiounsoffer op lifelong-learning referenzéieren, e Formatiounssall fannen...

Nächst Veranstaltung

  • 18.04.2024 op Franséisch, 09:00- 10:30 Auer, Presentiel