lifelong-learning.lu, d'nationaalt Portal fir liewenslaangt Léieren

lifelong-learning.lu, entwéckelt a geréiert vum INFPC, bitt en direkten Zougang zu iwwer 12.000 Formatioune vun 320 Formatiounsinstituter an zentraliséiert all d'Informatiounen am Beräich vum liewenslaange Léieren.

D'Plattform ass drop ausgeriicht, d'Formatiounsdemarchë vun den Entreprisen an de Privatpersounen ze vereinfachen. Si bitt de Formatiounsinstituter, déi zu Lëtzebuerg aktiv sinn, eng eemoleg Visibilitéit.

Méi Informatiounen iwwer d'Educatioun an d'liewenslaangt Léiere fannt Dir an der Rubrik Iwwer eis op lifelong-learning.lu

Dir kënnt och per Telefon d'Infoligne vum INFPC kontaktéieren um +352 26 20 40.

Eng Formatioun fannen

Déi digital Plattform lifelong-learning begleet Privatpersounen an Entreprisë bei hire Projeten am Beräich vun der Formatioun.

lifelong-learning.lu rezenséiert iwwer 12.000 Formatioune vun 320 ëffentlechen, parastaatlechen oder private Formatiounsinstituter oder Instituter aus dem Veräinswiesen. An der Sichmaschinn kann iwwer Stéchwierder oder Formatiounsdomainer déi passend Formatioun fir all Profil fonnt ginn.

D'Formatiounsofferen op lifelong-learning.lu consultéieren

lifelong-learning.lu zentraliséiert all d'Méiglechkeete fir als Erwuessenen, d. h. iwwer de Wee vun der Weiderbildung, en Diplom ze kréien: Owescoursen, Erwuessenebildung, Validation des acquis de l'expérience.

D'Méiglechkeete fir iwwer de Wee vun der Weiderbildung en Diplom ze kréien op lifelong-learning.lu consultéieren

Fir Är Kompetenze weiderzëentwéckelen, kënnt Dir Hëllefsmoossnamen am Beräich vun der Formatioun an Usproch huelen. Dës Hëllefe ginn a verschiddene Formen ugebueden:

  • bezuelte Spezialcongé, bei deem d'Remuneratioun iwwerholl gëtt,
  • Amenagement vun der Aarbechtszäit,
  • speziell Finanzbäihëllefen.

lifelong-learning.lu, déi digital Plattform fir liewenslaangt Léieren, bitt e globalen Iwwerbléck iwwer déi verfügbar Hëllefsmoossnamen an informéiert Iech iwwer déi jeeweileg Konditiounen an Demarchen.

D'Bäihëllefen am Formatiounsberäich op lifelong-learning.lu consultéieren

Den INFPC organiséiert all Semester gratis Informatiounsversammlungen iwwer d'Bäihëllefen am Formatiounsberäich fir Privatpersounen.

Schreiwt Iech an d'Informatiounsversammlungen iwwer d'Bäihëllefen am Formatiounsberäich fir Privatpersounen an

Är Entreprise ass zu Lëtzebuerg etabléiert an ass haaptsächlech hei aktiv? Da kënnt Dir eng staatlech Bäihëllef fir d'Formatioun vun Äre Mataarbechter ufroen, an zwar am Kader vum Dispositif fir de Kofinanzement vun der Formatioun an de Betriber.

De Kofinanzement vun der Formatioun an de Betriber op lifelong-learning consultéieren

Den INFPC organiséiert an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a mat de Beruffschamberen Informatiounsveranstaltungen iwwer de Kofinanzement.

Sech an eng Informatiounsveranstaltung iwwer de Kofinanzement vun der Formatioun an de Betriber aschreiwen

De Lëtzebuerger Staat ënnerstëtzt d'Beméiunge vun den Entreprisen am Beräich vun der Formatioun mat enger weiderer Zort vu Bäihëllef: dem Subside fir d'Léiere vun der lëtzebuergescher Sprooch .

Seng Erfarung valoriséieren

Dir hutt Iech op Ärer Aarbechtsplaz oder am Kader vun ausserberufflechen Aktivitéiten eng zolidd Erfarung ugëeegent? Dir wëllt dës Erfarung mat engem Diplom valoriséieren an Är Kompetenzen unerkenne loossen?

D'Validation des acquis de l'expérience (VAE) ass en Dispositif, mat deem ee seng berufflech a perséinlech Erfarung valoriséiere loosse kann, sief et fir eng Qualifikatioun oder eng partiell Validatioun, Zougang zu engem Formatiounsparcours oder eng partiell Dispens vu verschiddene Coursë vun engem Studieprogramm ze kréien.

Den Dispositif gëllt fir Certificaten an Diplomer vum Enseignement secondaire général, der Beruffsbildung, dem Brevet de maîtrise a fir Breveten an Diplomer vum Enseignement supérieur.

D'VAE ass u verschidde Konditioune gebonnen. D'Demarchen an den zoustännegen Organismus variéieren an hänke vun der ugestriefter Qualifikatioun of.

D'VAE-Demarchen op lifelong-learning.lu consultéieren

Den INFPC organiséiert all Semester gratis Informatiounsversammlungen iwwer d'VAE.

Sech an d'Informatiounsversammlungen iwwer d'VAE aschreiwen

Seng Formatiounsoffer referenzéieren

Dir sidd en agreéierte Formatiounsinstitut, Formateur oder Formatrice? Dir wëllt iwwer Är Formatiounsaktivitéiten informéieren?

Fir Är Visibilitéit ze erhéijen, Är Formatiounen ze presentéieren an Zougrëff op d'Demande am Beräich vun der Formatioun ze kréien, gitt Member vu lifelong-learning.lu, d'nationaalt Portal fir liewenslaangt Léiere vum INFPC.

Jee nodeem, wéi vill Formatiounen Dir den Internetbenotzer ubidde wëllt, kënnt Dir ënnert 3 verschiddene Formele dee Package auswielen, deen am beschte bei Är Offer passt: Ten, Fifty, Fifty+. Dir braucht Iech dono nëmme mam Profil "Formatiounsorganismus" unzemellen an déi verschidden Etappen ze suivéieren.

Als Formatiounsinstitut Member vu lifelong-learning.lu ginn

Fir um Portal referenzéiert ze ginn, muss e Formatiounsinstitut en Agrement als Gestionnaire vun engem Organismus fir berufflech Weiderbildung hunn.

En agreéiert Formatiounsinstitut ginn

Fir méi gewuer ze ginn, huelt un der vum INFPC organiséierter Informatiounsversammlung deel.

Deelhuelen un der Informatiounsversammlung - Seng Visibilitéit als Formatiounsinstitut op lifelong-learning erhéijen