De Formatiouns-Observatoire vum INFPC féiert Etüden duerch, analyséiert d'Tendenzen a stellt säi Fachwëssen am Beräich vum liewenslaange Léieren zur Verfügung.
Déi realiséiert Etüden an Ëmfroe sollen ëffentlech a privat Decideuren dobäi ënnerstëtzen, hir Formatiouns- a Beschäftegungspolitik ze steieren.
Fir seng Aufgab erfëllen ze kënnen, ass den Observatoire a Kontakt mat den institutionellen Acteuren, déi am Beräich vun der Educatioun, der Orientatioun an dem liewenslaange Léieren täteg sinn.
Méi iwwer dës Etüden an Analyse gitt Dir gewuer, op der Säit vum Formatiouns-Observatoire.
De Formatiouns-Observatoire analyséiert den Zougang vun de Mataarbechter zu der Formatioun an de Formatiounseffort vun den Entreprisen op der Grondlag vun den Donnéeën, déi am Kader vun den Demande fir de Kofinanzement vun der Formatioun an de Betriber erhuewe ginn.
2021 investéieren d'Entreprisen, déi eng staatlech Bäihëllef fir de Finanzement vun hirem Formatiounsplang ufroen, 1,3% vun hirer Lounmass an d'Formatioun. D'Salariéë suivéieren am Duerchschnëtt 4,9 Formatioune mat enger Dauer vun 3,0 Stonnen an d'finanziell Bäihëllef vum Staat beleeft sech op 143 Euro pro Salarié. Méi doriwwer.
Fir de Marché vun der Formatioun besser kennenzeléieren, féiert de Formatiouns-Oberservatoire reegelméisseg eng Ëmfro iwwer d'Weiderbildungsoffer duerch. Bei dëser Ëmfro maache verschidde Kategorië vu Formatiounsinstituter mat: privat Instituter, institutionell/sektoriell Instituter, A.s.b.l.en.
De Formatiouns-Observatoire féiert thematesch Studien duerch, déi d'Praktike vun de Formatiounsinstituter, déi zu Lëtzebuerg aktiv sinn, solle beliichten.
51% vun de Formatiounsinstituter benotze kënschtlech Intelligenz, dovu 6% op engem fortgeschrattenen Niveau. Méi doriwwer.
Jugendlechen ze erméiglechen, séier an dauerhaft eng qualitativ Aarbechtsplaz ze kréien, ass eng gesellschaftlech Erausfuerderung. Genee mat deem Theema befaasst sech d'Etüd "Transition École-Vie active - TEVA", déi vum Formatiouns-Obervatoire duerchgefouert gëtt, an dat éischt Joer am Beruffsliewe vun de Schüler nom Verloosse vun der Schoul analyséiert.
Unhand vun engem Online-Barometer, deen op www.lifelong-learning.lu/teva accessibel ass, kënnen d'Fortschrëtter am Beräich vun der berufflecher Insertioun a vun der Qualitéit vun den Aarbechtsplazen, déi d'diploméiert Kandidaten direkt nom Ofschloss vun hirer initialer Beruffsausbildung unhuelen, gemooss, verglach a suivéiert ginn.