Engagement vum INFPC

Den INFPC, Gestionnaire vum Site infpc.lu, engagéiert sech, sech am Kader vu senge Méiglechkeeten dorëms ze beméien:

  • den Zougang zu alle Servicer, déi um Site ugebuede ginn, sécherzestellen,
  • zouverlässeg a pertinent Informatiounen ze verbreeden,
  • déi perséinlech Donnéeën, déi a sengem Besëtz sinn, ze schütze fir ze verhënneren, datt si verluer, gefälscht oder un net autoriséiert Drëttpersounen iwwermëttelt ginn.

Beschränkung vun der Responsabilitéit

Den INFPC declinéiert all Responsabilitéit am Zesummenhang mat:

  • dem Benotze vun den Informatiounen op Säiten, déi op dësem Site verëffentlecht ginn. Den Inhalt gëtt ausschliisslech zu Informatiounszwecker publizéiert. Bei Ënnerscheeder tëschent den Texter, déi op dësem Site verëffentlecht ginn, an den Originaldokumenter gëllen nëmmen déi Dokumenter, déi am Mémorial oder enger anerer offizieller Publikatioun verëffentlecht sinn.
  • den Inhalter, einschliisslech de Fotoen, Videoen, Publicitéiten, Produkter, Servicer oder all anerem Material, déi op oder iwwer extern Sitten oder Quellen duerch e Link um Site verfügbar sinn.
  • Schied, egal vu wéi enger Zort, déi wéinst der net méiglecher Benotzung oder Zougänglechkeet oder wéinst engem Verloscht opgrond vun den Informatiounen op dësem Site entstinn, an dat onofhängeg vun der Ursaach vum Schued.
  • Schied, egal vu wéi enger Zort, déi opgrond vun der Interpretatioun an/oder der Benotzung vun den Informatiounen, déi op dësem Site verfügbar sinn, der Ännerung, Suspensioun oder Ënnerbriechung, sief et och nëmmen temporaire, vun de Servicer vun dësem Site entstane sinn.

Dës Klauselen iwwer den Ausschloss vun der Responsabilitéit sinn net drop ausgeriicht, d'Bestëmmunge vun de gëltege Rechtsvirschrëften ze ëmgoen oder d'Responsabilitéit an deene Fäll auszeschléissen, wou si opgrond vun de genannte Rechtsvirschrëften net ausgeschloss kënne ginn.

Propriété intellectuelle

D'Presentatioun an d'Inhalter vun dësem Site (Texter, grafesch Elementer, Biller, Fotoen, Video- an Toundokumenter...) bilden zesummen e Wierk, dat duerch déi geltend Gesetzer iwwer d'Propriété intellectuelle geschützt ass.

D'Reproduktioun, d'Benotzung, d'Exploitatioun vun de Fotoen, Biller, Texter, Videoen, Extraiten aus der Base de données, Elementer vun der grafescher Konzeptioun an, am Allgemengen, all Publikatiounsbestanddeeler op dësem Site, sinn ouni d'Autorisatioun vum Auteur am Virfeld verbueden. De Verstouss géint dëst Verbuet gëllt als eng Contrefaçon, déi zivil- a strofrechtlech Konsequenze fir de Contrefacteur kréie kann.

Traitement vu perséinlechen Donnéeën

Den INFPC, den nationalen Institut fir d'Fërderung vun der berufflecher Weiderbildung, erhieft a benotzt Är perséinlech Donnéeën am Kader vu senge Missiounen.

D'Donnéeë ginn am Aklang mam Reglement (EU) 2016/679 vum Europäesche Parlament a vum Rot vum 27. Abrëll 2016 iwwer de Schutz vun natierleche Persoune beim Traitement vu perséinlechen Donnéeën an iwwer de fräie Verkéier vun deenen Donnéeën (RGPD) a mam Gesetz vum 1. August 2018 iwwer d'Organisatioun vun der Nationaler Dateschutzkommissioun an dem allgemenge Dateschutzsystem veraarbecht.

Méi iwwer d'Dateschutzpolitik vum INFPC gewuer ginn

Virbehale Rechter

Den INFPC behält sech d'Recht vir:

  • d'Inhalter vun dësem Site zu all Moment an ouni Ukënnegung ze änneren oder ze verbesseren,
  • de Kont vun engem Benotzer oder Abonnent ze spären oder ze läschen, wa seng Benotzung vum Internet géint e Gesetz, e Reglement oder géint d'ëffentlech Uerdnung verstéisst.

Benotzungsrechter vun de Biller

D'Biller, déi op dësem Site benotzt ginn, sinn d'Proprietéit vum INFPC oder vun de respektiven Auteuren. Dës Biller kënnen net ouni Erlaabnes op engem aneren Internetsite oder Medium benotzt ginn.

Credits vun de Fotografen an Illustrateuren

D'Fotoen op dësem Site stinn ënner der Unsplash-Lizenz. Unsplash gëtt eng onwidderrufflech, net exklusiv a weltwäit Droit d'auteur-Lizenz fir d'Fotoe vun Unsplash gratis erofzelueden, ze kopéieren, ze änneren, ze verdeelen, auszeféieren oder ze benotzen, och fir kommerziell Zwecker, dëst ouni Geneemegung oder Attributioun vum Fotograf oder vun Unsplash.