An dësem Kontext an am Aklang mam Gesetz vum 1. August 2018 iwwer d'Organisatioun vun der Nationaler Dateschutzkommissioun an dem allgemengen Dateschutzsystem a mam Reglement (EU) 2016/679 vum Europäesche Parlament a vum Rot vum 27. Abrëll 2016 iwwer de Schutz vun natierleche Persoune beim Traitement vu perséinlechen Donnéeën an iwwer de fräie Verkéier vun deenen Donnéeën (den "RGPD"), (déi am Follgenden zesummen "Dateschutzgesetzer" genannt ginn), setzt den INFPC op sengem Internetsite lifelong-learning.lu Cookien an.

D'Cookien, déi vum INFPC benotzt ginn, ginn op Ärem Computer, Tablet, Smartphone oder all anerem Apparat, mat deem een am Internet surfe kann (den "Terminal"), installéiert a respektéieren d'Choixen, déi Dir a puncto Cookië festgeluecht hutt an déi Dir zu all Moment mat eisem Tool, fir d'Astellungen ze geréieren, oder iwwer d'Astellunge vun Ärem Browser ännere kënnt.

Wat ass e Cookie?

Cookië si kleng Textfichieren, déi verschidden Informatiounen iwwer Är Navigatioun späichere kënnen. Si ginn um Harddisk vun Ärem Terminal enregistréiert, wann Dir en Internetsite besicht.

D'Cookië gi vum Serveur vun engem Internetsite un Äre Browser geschéckt.

E Cookie kann agesat ginn, fir e Benotzer ze authentifizéieren oder eng speziell Informatioun iwwer de Benotzer ze späicheren, zum Beispill d'Preferenze vun engem Internetsite oder den Inhalt vun engem elektroneschen Akafsweenchen, an dat wärend der Gültegkeetsdauer vun deem jeeweilege Cookie, deem säin Inhalt nëmme vum INFPC geännert ka ginn. Mat de Cookië kënne verschidden Donnéeën erhuewe ginn, déi et erlaben, Iech personaliséiert an op Är Besoinen zougeschnidden Déngschter unzebidden.

Wann Dir d'Navigatioun op eisem Internetsite fortsetzt, akzeptéiert Dir domat, wéi am Informatiounsbanner beschriwwen, datt verschidde Kategorie vu Cookien op Ärem Terminal hannerluecht ginn. Dir kënnt dës Decisioun zu all Moment réckgängeg maachen, andeem Dir d'Hannerleeë vu Cookien mat eisem Tool, fir d'Astellungen ze geréieren, oder an Äre Browser-Astellunge refuséiert.

Firwat benotzt den INFPC Cookien?

Den INFPC benotzt dräi Zorte vu Cookien, (i) d'Navigatiouns-Cookien (noutwenneg), (ii) d'Sessiouns-Cookien (noutwenneg), (iii) d'Statistik-Cookien (fakultativ).

Cookië ginn als "noutwenneg" bezeechent, wa se obligatoresch sinn, fir d'Basisfunktioune vum Site, wéi z. B. de gesécherten Zougang zu Ärem Benotzerberäich, ze aktivéieren. Si ginn automatesch aktivéiert, wann Dir de Site besicht an Iech aloggt.

Cookië si fakultativ, wa mat hinnen Informatioune gesammelt ginn, déi Opschloss doriwwer ginn, wéi Dir den Internetsite benotzt, déi awer net indispensabel sinn.

Onofhängeg dovun, op Cookien noutwenneg oder fakultativ sinn, kënne si och fonctionnel sinn. Dat gëllt z. B. fir Fichieren, déi aner Funktioune wéi d'Späichere vun de Preferenzen, d'sozial Interaktiounen, d'Méiglechkeet, Commentairen op eisem Site ze posten, an d'Analys vun der Benotzung vum Site am Hibléck op Verbesserungen erméiglechen.

D'Navigatiouns-Cookien (noutwenneg)

Dës Zort vu Cookië gëtt benotzt, fir de Confort vum Benotzer ze verbesseren, wann hien den Internetsite vum INFPC déi nächste Kéier besicht. Si erlaben et, d'Sprooch, déi Dir am léifste benotzt, Är Akzeptatioun vun de Cookien an Är Participatioun bei eventuellen Ëmfroen, déi den INFPC op sengem Internetsite duerchféiert, fir d'Zefriddenheet vun de Benotzer ze ermëttelen, ze späicheren.

D'Sessiouns-Cookien (noutwenneg)

Dës Zort vu Cookië gëtt am perséinleche Beräich vum Benotzer gebraucht, fir festzestellen, ob hien authentifizéiert gouf oder net.

D'Statistik-Cookien (fakultativ)

Dës Zort vu Cookië gëtt vu Google Analytics generéiert, fir déi successiv Sessioune vun deem selwechte Benotzer ze ënnerscheeden, a vun Hotjar, fir d'Besoine vun eise Benotzer besser ze verstoen an d'User-Erfarung op eisem Site ze optiméieren. Dës Cookien hëllefen eis zum Beispill ze verstoen, wéi vill Zäit op enger Säit verbruecht gëtt, wéi eng Linken ugeklickt ginn, an och déi allgemeng d'Surfgewunnechten asw. ze gesinn, fir datt mir eise Service weider verbessere kënnen.

Wéi kann een d'Cookië geréieren?

Parametrage vun infpc.lu

De Site infpc.lu stellt Iech en Tool zur Verfügung, mat deem Dir d'Installatioun vu Cookien ofhängeg vun hirem Typ astelle kënnt. Déi Wiel, déi Dir mat dësem Tool trefft, gëllt nëmmen am Kader vun Ärer Navigatioun um Site infpc.lu.

Fir d'Cookien ze parametréieren, kënnt dir eisen Tool, fir d'Astellungen ze geréieren, benotzen.

Astellunge vun Ärem Browser

Dir kënnt Är Navigatiouns-Software esou astellen, datt Cookien op Ärem Terminal gespäichert ginn, oder datt si systematesch refuséiert ginn, sief et fir all Sitten, sief et fir verschidden Emetteuren (Sitten).

Dir hutt och d'Méiglechkeet, Är Navigatiouns-Software esou ze konfiguréieren, datt Dir all Kéier gefrot gitt, ob Dir e Cookie akzeptéiert oder refuséiert, éier en op Ärem Terminal gespäichert ka ginn.

D'Konfiguratioun ass ënnerschiddlech, jee nodeem, wéi e Browser Dir benotzt.