Den INFPC, den nationalen Institut fir d'Fërderung vun der berufflecher Weiderbildung, erhieft a benotzt, wéi an dëser Dateschutzpolitik (d'"Politik") beschriwwen, perséinlech Donnéeën am Kader vu sengen Aktivitéiten.
D'Donnéeë ginn am Aklang mam Reglement (EU) 2016/679 vum Europäesche Parlament a vum Rot vum 27. Abrëll 2016 iwwer de Schutz vun natierleche Persoune beim Traitement vu perséinlechen Donnéeën an iwwer de fräie Verkéier vun deenen Donnéeën (den "RGPD") a mam Gesetz vum 1. August 2018 iwwer d'Organisatioun vun der Nationaler Dateschutzkommissioun an dem allgemenge Dateschutzsystem (déi am Follgenden zesummen "Dateschutzgesetzer" genannt ginn) veraarbecht.
Jee nom Zil vum Traitement kënnen ënnerschiddlech Kategorië vu perséinlechen Donnéeën (d'"perséinlech Donnéeën") iwwer d'Benotzer vun de Servicer, déi vum INFPC ugebuede ginn (wann et sech bei de Benotzer ëm juristesch Persounen handelt, betrëfft den Traitement hir Dirigeanten, DRHen, fir d'Formatioun responsabel Persounen oder hir Vertrieder), an iwwer d'Zilgruppen, déi vun dëse Servicer betraff sinn (déi "betraffe Persounen"), vum INFPC erhuewen, gespäichert a benotzt ginn. D'Perséinlech Donnéeën ëmfaassen haaptsächlech:
Den INFPC, den nationalen Institut fir d'Fërderung vun der berufflecher Weiderbildung, ass en ëffentlechen Etablissement a verantwortlech fir den Traitement vun de perséinlechen Donnéeën, déi am Kader vun den Ziler an Aktivitéiten, déi an dëser Politik beschriwwe ginn, traitéiert ginn.
Den INFPC erhieft an traitéiert d'perséinlech Donnéeë fir follgend Zwecker:
Den Traitement baséiert um Artikel 6 vum RGPD. Dësen Artikel erkläert all Traitement fir legitim, deen:
Fir Är User Experience ze optiméieren, d'Frequentatioun ze suivéieren a seng Internetsitten ze verbesseren, benotzt den INFPC follgend Instrumenter: Google Analytics, YouTube a Google Maps. Consultéiert w.e.g. d'Dateschutzbestëmmunge vu Google, wann Dir méi doriwwer wëllt gewuer ginn. Wann Dir infpc.lu a lifelong-learning.lu consultéiert, gitt Dir iwwer den Asaz vu Cookien, déi fir d'Navigatioun a fir d'Erstelle vu Frequentatiounsstatistiken néideg sinn, informéiert.Dir kënnt d'Parametere vun de Cookien zu all Moment an Ärem Browser änneren.
Den INFPC ass a verschiddene sozialen Netzwierker, wéi Facebook, Twitter a LinkedIn, präsent.
Fir Iech iwwer d'Politik am Zesummenhang mat der Benotzung a mam Traitement vu perséinlechen Donnéeë vun dëse Plattformen ze informéieren, consultéiert wannechgelift déi follgend Säiten: Facebook, Twitter, LinkedIn.
Ufroe fir Informatiounen ze kréien an d'Umeldunge fir d'Formatioune ginn un dat jeeweilegt Formatiounsinstitut weidergeleet. D'Institut engagéiert sech, d'Donnéeën, déi iwwermëttelt goufen, am Aklang mat den Dateschutzgesetzer ze traitéieren.
Fir d'Umeldunge fir seng Evenementer ze geréieren, benotzt den INFPC Jotform. Fir méi doriwwer gewuer ze ginn, consultéiert wgl. d'Dateschutzpolitik vun Jotform.
Fir d'Servicer ze erbréngen, déi vun de betraffene Persoune gefuerdert ginn, a fir d'Missiounen ze erfëllen, mat deenen den INFPC beoptragt ass, kann den INFPC ënner Ëmstänn perséinlech Donnéeën un Drëttpersounen iwwerdroen am Kader vun:
Am Sënn vun den Dateschutzgesetzer sinn dës Déngschtleeschtungsorganismen Destinatairë vu perséinlechen Donnéeën (d'"Destinatairen"). Et ka virkommen, datt dës Destinatairen den Traitement vun de genannte perséinlechen Donnéeën ënnert hirer eegener Verantwortung un hir Mataarbechter oder un hir eegen Déngschtleeschter (d'"Sous-Destinatairen") ofginn, déi hirersäits dës Donnéeën nëmme mam Zil traitéieren, den Destinatairë bei der Erbréngung vun Déngschtleeschtunge fir den INFPC ze hëllefen an/oder den Destinatairë beim Erfëlle vun hire gesetzleche Verflichtungen ze hëllefen.
D'Destinatairen an d'Sous-Destinatairë kënne sech am Europäesche Wirtschaftsraum ("EWR") an ausserhalb vum EWR befannen.Wa perséinlech Donnéeën un Destinatairen oder Sous-Destinatairen iwwermëttelt ginn, déi sech an engem Drëttland vum EWR befannen, dat keen adequate Sécherheetsniveau fir d'perséinlech Donnéeë bitt, da ginn d'Donnéeën op der Grondlag vu vertragleche Standardklauselen, déi vun der Europäescher Kommissioun zougelooss sinn, iwwermëttelt. All betraffe Persoun huet d'Recht ze fuerderen, datt den INFPC hir eng Kopie vun dëse vertragleche Standardklausele virleet, andeem si eng entspriechend Ufro per E-Mail oder per Post u follgend Adresse riicht:
D'perséinlech Donnéeën, déi traitéiert ginn, ginn direkt bei de Benotzer erhuewen, wann dës Informatiounen ufroen, sech fir eng Formatioun oder en Evenement umellen, oder am Kader vun enger vertraglecher Relatioun. Si stamen och vu Persounen, déi, opgrond vun hirem Statut (Dirigeant, DRH, Responsabel fir d'Formatioun…), Entreprisen oder Gesellschafte vertrieden.
D'perséinlech Donnéeë gi versuergt, bis den Zweck, fir dee si erhuewe goufen, erfëllt ass. Si ginn deemno esou laang versuergt wéi et fir d'Erreeche vum Zweck, fir deen si traitéiert ginn, néideg ass, woubäi dësen Zäitraum vun de jeeweilege gesetzleche Verjährungsfristen ofhänkt.Si kënnen och, wéi am Abschnitt ënnen iwwer d'Rechter vun de betraffene Persoune beschriwwen, op Ufro oder duerch Ofmelle geläscht ginn.
Laut den Dateschutzgesetzer hutt Dir, als betraffe Persoun, d'Recht:
Dës Rechter si bannent de Limitte vun den Dateschutzgesetzer uwendbar.Fir Är Rechter auszeüben, kënnt Dir eng E-Mail oder e Bréif u follgend Adress schécken:
Zousätzlech zu den uewe genannte Rechter kënnt Dir och eng Plainte bei der Nationaler Dateschutzkommissioun (Commission nationale pour la protection des données - CNPD) op follgender Adress areechen: 15, Boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux, oder, wann Dir an engem anere Memberstaat vun der Europäescher Unioun wunnt, bei der Kontrollstell, déi lokal zoustänneg ass.
Dem INFPC säin Zil ass et, Är perséinlech Donnéeën op déi sécherst Manéier an nëmmen esou laang wéi et fir d'Erfëlle vum Zweck vum Traitement, deen an dëser Politik beschriwwe gëtt, néideg ass, ze versuergen. Am Aklang mat den Ufuerderunge vun den Dateschutzgesetzer ergräift den INFPC all physesch, technesch an organisatoresch Moossnamen, fir d'Sécherheet an d'Vertraulechkeet vun de perséinlechen Donnéeë sécherzestellen an, esouwäit wéi méiglech, all onerlaabten Zougrëff, Fälschung, Verbreedung oder Zerstéierung vun de perséinlechen Donnéeën ze verhënneren. Den INFPC ass net verantwortlech am Fall vu Force majeure, wéi z.B. enger Cyberattaque.
D'Informatiounen iwwer den Traitement vun de perséinlechen Donnéeë ginn esou oft wéi néideg en fonction vun den Traitementer, déi duerchgefouert ginn, an ëmmer am Aklang mat der gëlteger Legislatioun aktualiséiert.
Am Kader vun de Recrutementsprozedure verfüügt den INFPC iwwer perséinlech Donnéeë vu Persounen, déi hir Kandidaturen iwwer E-Mail oder per Bréif erageschéckt hunn. Dës perséinlech Donnéeë ginn nëmme fir d'Zwecker vum Recrutement traitéiert a spéitstens 12 Méint no hirem Empfang geläscht, ausser am Fall vum Accord vum Kandidat/vun de Kandidate, fir dës Informatioune méi laang ze versuergen.