Wie sech wëll weiderbilden, fir seng Kompetenzen auszebauen, seng Talenter ze stäerken oder de Beruff ze wiesselen a seng Karriär virunzedreiwen, ka Bäihëllefe fir d'Weiderbildung kréien.

Dës Bäihëllefen, déi ënner bestëmmte Bedéngunge kënnen an Usproch geholl ginn, gëtt et a Form vu spezielle Congéen (individuelle Formatiounscongé, Sproochecongé, Jugendcongé), Mesuren am Zesummenhang mat der Aarbechtszäit (perséinlechen Amenagement vun der Aarbechtszäit, onbezuelte Formatiounscongé) a spezielle Subsiden.

D'Informatiounsveranstaltungen si Präsenzveranstaltungen, déi och am Livestream iwwerdroe ginn, a fanne méindes, den 18. Oktober, um 18:00 Auer op Lëtzebuergesch a mëttwochs, den 20. Oktober, um 18:00 Auer op Franséisch an der Chambre des salariés, 2 - 4 rue Pierre Hentges, L-1726 Luxembourg statt.

D'Participatioun ass gratis, et muss ee sech awer op www.infpc.lu/inscription-aides
aschreiwen.