Den INFPC organiséiert zesumme mat de Beruffskummeren a mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend den 18. an den 20. Oktober 2021 zwou Informatiounsveranstaltungen zum Theema Bäihëllefe fir d'Weiderbildung fir Privatpersounen.
Dës Bäihëllefen, déi ënner bestëmmte Bedéngunge kënnen an Usproch geholl ginn, gëtt et a Form vu spezielle Congéen (individuelle Formatiounscongé, Sproochecongé, Jugendcongé), Mesuren am Zesummenhang mat der Aarbechtszäit (perséinlechen Amenagement vun der Aarbechtszäit, onbezuelte Formatiounscongé) a spezielle Subsiden. D'Informatiounsveranstaltungen si Präsenzveranstaltungen, déi och am Livestream iwwerdroe ginn, a fanne méindes, den 18. Oktober, um 18:00 Auer op Lëtzebuergesch a mëttwochs, den 20. Oktober, um 18:00 Auer op Franséisch an der Chambre des salariés, 2 - 4 rue Pierre Hentges, L-1726 Luxembourg statt.D'Participatioun ass gratis, et muss ee sech awer op www.infpc.lu/inscription-aidesaschreiwen.