Institut national pour le développement de la formation professionnelle continue
Chambre des salariés (CSL)
2-4, rue Pierre Hentges
L-1726 Luxembourg
18h00 - 19h30
@@mandatory_registration@@

INFPC

+352 46 96 12 218

D'Informatiounsveranstaltunge ginn als Presentiel-Veranstaltungen (limitéiert Plazen) ugebueden a simultan am Livestream iwwerdroen. D'Participatioun ass gratis, d'Umeldung obligatoresch

Sech umellen

Privatpersounen, déi hir Kompetenzen ausbauen, de Beruff wiesselen oder hir Karriär virundreiwe wëllen, hunn Usproch op Bäihëllefe fir d'Weiderbildung.

D'Bäihëllefsmoossnamen, déi ënner bestëmmte Bedéngungen accessibel sinn, kënne follgend Formen unhuelen:

  • Bezuelte Spezialcongé:
    Individuelle Formatiounscongé, Sproochecongé oder Jugendcongé fir sech ze forméieren, woubäi d'Remuneratioun iwwerholl gëtt
  • Organisatioun vun der Aarbechtszäit:
    perséinlecht Amenagement vun der Aarbechtszäit oder Congé sans solde, fir datt de Salarié seng Formatioun en fonction vu sengen Aarbechtszäiten an Disponibilitéiten organiséiere kann
  • Finanziell Bäihëllefen:
    steierlech Ofsetzbarkeet, finanziell Bäihëllefe fir Héichschoulstudien, Programm Erasmus+…

Den INFPC presentéiert déi verschidde Mesuren, fir d'Demarchë fir den Zougang zur Formatioun ze vereinfachen

D'Informatiounsveranstaltunge gi vum INFPC an Zesummenaarbecht mat dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend an den Beruffschamberen organiséiert.


Fir den Inhalt vun dësem Artikel ass eleng säin Auteur verantwortlech - Institut national pour le développement de la formation professionnelle continue