Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Luxexpo (Hall 7-9)
10, Circuit de la Foire Internationale
L-1347 Luxembourg-Kirchberg
24/04 - 08h00 - 16h00
25/04 - 08h00 - 18h30
26/04 - 08h00 - 17h00

D’YEP-Schoulfoire riicht sech un d’Schüler aus dem Cycle 4 vum Fondamental, aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen an un d’Schüler aus dem Secondaire. Se riicht sech och un hir Elteren an déi Professionell aus der Educatioun a ronderëm d’Educatioun. Presentéiert ginn déi verschidde Facettë vum ëffentleche Lëtzebuerger Schoulsystem. Et ass eng Plattform, fir déi schoulesch a professionell Orientéierung ze promouvéieren a fir Neies kennen ze léieren.

Veuillez accepter les cookies de marketing pour suivre cette vidéo.

Op enger Fläch vu 17.000 m2 verdeelt op dräi Halen dréit sech d’YEP-Schoulfoire ëm fënnef Pilieren:

  • d’Lëtzebuerger Lycéeën
  • de Ministère, d’Maison de l’orientation an d’Schouloffer
  • de Léierplazendag
  • déi néng Formatiounswelten
  • d’Atelieren & d’Shows

Programm vun deenen 3 Deeg: Programm - D’YEP-Schoulfoire


Fir den Inhalt vun dësem Artikel ass eleng säin Auteur verantwortlech - Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse