De finanziellen Effort vun de Betriber läit an der Moyenne bei ronn 2,4% vun der Lounmass a schéngt domat seng Vitesse de croisière erreecht ze hunn. Duerch déi méi präzis Analys vun de Besoine kënne souwuel déi gesichte Kompetenze wéi och d'Gestioun vum Budget optiméiert ginn. Doduerch verbessert sech och den Zougang zu der Formatioun trotz den Ongläichheeten, déi iwwert d'Jore bestoe bleiwen.


E konstante finanziellen Effort

No enger Baisse vun 1,1 Punkt tëschent 2007 an 2010 stabiliséiert sech den Taux vun der finanzieller Participatioun vun de Betriber un der Formatioun: am Zäitraum tëschent 2010 an 2017 investéiere si tëschent 2,3% an 2,5% vun hirer Lounmass. D'Investissementer an d'Formatioun sinn am selwechte Mooss wéi d'Lounmass an d'Luucht gaangen.

Den Taux vun der finanzieller Participatioun un der Formatioun stabiliséiert sech tendenziell zanter 2010 an allen Aktivitéitssecteuren, woubäi sech déi éischt Zeeche vun enger Reprise a verschiddene Secteure mat enger liichter Verspéidung weisen: 2014 am Secteur "Bau" an 2016 am Secteur "Handel an Horeca". Am Zäitraum vun 2010 bis 2017 ass den Taux vun der finanzieller Participatioun mat 4% am héchsten am Secteur "Transport a Lagerung" an am Secteur "Spezialiséiert, wëssenschaftlech an technesch Aktivitéiten".

Image illustrant les chiffres détaillés dans le texte

Méi, dofir awer méi kuerz Formatiounen

D'Participatioun vun de Salariéen un de Formatioune geet am Zäitraum 2007 bis 2017 an d'Luucht. D'Salariéen huelen zwar u méi Formatiounen deel, dës Formatioune sinn awer méi kuerz. Allgemeng huele si 2017 u 4,9 Formatioune mat enger Dauer vu 5 Stonnen deel, wärend dës Zuelen 2007 bei 3,6 Formatioune mat enger Dauer vun 8,9 Stonne louchen.

D'Formatiounen an de Beräicher "Qualitéit, ISO a Sécherheet" an "Finanzen, Comptabilitéit an Droit" waren am Zäitraum 2007-2017 am meeschte gefrot, zesumme mat de Formatiounen am Beräich "Technik/Beruffer".

D'Ongläichheete beim Zougang zu der Formatioun verstäerke sech

D'Dirigeanten an d'Kaderen huelen u méi Formatiounen deel wéi déi qualifizéiert an déi onqualifizéiert Salariéen. Dësen Ecart gëtt iwwer d'Joren ëmmer méi grouss. D'Dirigeanten an d'Kaderen huelen 2017 u 6 Formatiounen (+1,9 Formatioun am Verglach zu 2007) respektiv 6,8 Formatiounen (+2,5 Formatiounen) deel. Déi qualifizéiert an déi onqualifizéiert Salariéë besiche 5 Formatiounen (+1,4 Formatioun) respektiv 2,4 Formatiounen (-0,3 Formatioun).

D'Formatioune gi méi bëlleg

2017 kaschten d'Formatiounen 1,7 Mol manner pro Participant wéi 2007. Déi verkierzten Dauer vun de Formatiounen a relativ stabel Stonnepräisser bei de Formatiounen (tëschent 48 an 53 Euro) erklären, firwat d'Käschte vun der Formatioun pro Participant tëschent 2007 an 2017 ëm ronn 200 Euro gefall sinn.

Wärend d'Käschte pro Formatiounsstonn an de Beräicher "Finanzen, Comptabilitéit an Droit" an "Management/GRH" erofginn, gi se an anere Beräicher, besonnesch am Beräich "Sproochen" (68 Euro 2017 géint 56 Euro 2007), an d'Luucht.

Déi staatlech Bäihëllef fir d'Formatioun ass ëmmer méi gefrot

2017 hunn 1.687 Entreprisen, eenzel oder als Grupp, vun der ëffentlecher Kofinanzéierung profitéiert. Dat ass dräi Mol méi wéi am Joer 2007. D'Verdeelung vun dësen Entreprisen entwéckelt sech zu Gonschte vun enger Augmentatioun vun de ganz klengen (manner wéi 10 Salariéen) an de klenge Betriber (tëschent 10 an 49 Salariéen): hiren Undeel klëmmt vun 42,9% am Joer 2007 op 61,2% am Joer 2017.

Iwwer d'Hallschent vun de Salariéen aus der Lëtzebuerger Privatwirtschaft profitéiere potenziell vun der staatlecher Bäihëllef fir d'Formatioun (55,7%).

Méi Informatioune fannt Dir an der Publikatioun "Évolution des pratiques de formation" iwwer d'Analys vun der Formatiounsaktivitéit vun de Betriber am Zäitraum 2007-2017 op www.lifelong-learning.lu/observatoire.