D'Validation des acquis de l'expérience (VAE) ass en Dispositif, mat deem ee seng berufflech a perséinlech Erfarung valoriséiere loosse kann, sief et fir eng Qualifikatioun oder eng partiell Validatioun, Zougang zu engem Formatiounsparcours oder eng partiell Dispens vu verschiddene Coursë vun engem Studieprogramm ze kréien. Betraff sinn déi follgend Qualifikatiounen:

  • de Certificat de capacité professionnelle (CCP), den Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP), den Diplôme de technicien (DT), den Diplôme de fin d’études secondaires générales an d'Meeschterkaart (Brevet de maîtrise);
  • de Brevet de technicien supérieur (BTS) ausschliisslech am Hibléck op den Zougang zu Studiegäng oder op d'Erhale vun Dispensen;
  • Bachelor- a Master-Studien ausschliisslech am Hibléck op den Zougang zu Studiegäng oder op d'Erhale vun Dispensen.

D'Informatiounsveranstaltunge fanne statt:

  • Méindes, den 10. Mäerz 2025 op Franséisch (18:00-19:00 Auer);
  • Mëttwochs, den 12. Mäerz 2025 op Lëtzebuergesch (18:00-19:00 Auer);

an der Chambre des salariés (2-4, rue Pierre Hentges L-1726 Luxembourg).

Si ginn als Presentiel-Veranstaltungen organiséiert an am Livestream iwwerdroen.

D'Participatioun ass gratis, mat obligatorescher Umeldung op www.infpc.lu/seances-d-information/lu#vae.

Méi Informatiounen: lifelong-learning.lu/vae

Kontakt
INFPC
Mathis RIES
Chargé de communication
mathis.ries@infpc.lu
T +352 46 96 12-218

Iwwer den INFPC
Den INFPC, den Nationalen Institut fir d'Entwécklung vun der berufflecher Weiderbildung, ass en ëffentlechen Etablissement ënnert der Tutelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend. Seng Missioun besteet doran, d'liewenslaangt Léiere bei allen Zilgruppen am Beräich vun der Formatioun ze fërderen, egal ob et sech ëm Salariéen, Leit op der Sich no enger Aarbecht, Formatiounsinstituter, Akeefer vu Formatiounen oder Chef d'Entreprisen handelt.