Den INFPC organiséiert an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a mat de Beruffschamberen den 10. an den 12. Mäerz 2025 zwou Informatiounsveranstaltungen iwwer d'Validation des acquis de l'expérience.
D'Validation des acquis de l'expérience (VAE) ass en Dispositif, mat deem ee seng berufflech a perséinlech Erfarung valoriséiere loosse kann, sief et fir eng Qualifikatioun oder eng partiell Validatioun, Zougang zu engem Formatiounsparcours oder eng partiell Dispens vu verschiddene Coursë vun engem Studieprogramm ze kréien. Betraff sinn déi follgend Qualifikatiounen:
D'Informatiounsveranstaltunge fanne statt:
an der Chambre des salariés (2-4, rue Pierre Hentges L-1726 Luxembourg). Si ginn als Presentiel-Veranstaltungen organiséiert an am Livestream iwwerdroen.D'Participatioun ass gratis, mat obligatorescher Umeldung op www.infpc.lu/seances-d-information/lu#vae.Méi Informatiounen: lifelong-learning.lu/vaeKontaktINFPCMathis RIESChargé de communication mathis.ries@infpc.lu T +352 46 96 12-218Iwwer den INFPCDen INFPC, den Nationalen Institut fir d'Entwécklung vun der berufflecher Weiderbildung, ass en ëffentlechen Etablissement ënnert der Tutelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend. Seng Missioun besteet doran, d'liewenslaangt Léiere bei allen Zilgruppen am Beräich vun der Formatioun ze fërderen, egal ob et sech ëm Salariéen, Leit op der Sich no enger Aarbecht, Formatiounsinstituter, Akeefer vu Formatiounen oder Chef d'Entreprisen handelt.