De schouleschen Erfolleg ass de Schlëssel zu engem gelongenen Accès zum Aarbechtsmaart


57% vun den Diploméierte fannen direkt no der Schoul eng Aarbecht, bei den Net-Diploméierte sinn et 41%. Déi Diploméiert kumuléieren an der Moyenne 28 Méint Schaffzäit an de 36 Méint, nodeem si d'Schoul verlooss hunn; deen Zäitraum läit bei den Net-Diploméierte bei 22 Méint.

Dräi Joer no der Schoul hunn 83% vun den Diploméierten eng Aarbechtsplaz, bei den Net-Diploméierte sinn et 68%. Déi Net-Diploméiert sinn zwee Mol méi heefeg vun engem Aarbechtsvertrag à durée déterminée betraff wéi déi Diploméiert.

Titelsäit vun der Publikatioun Teva - Éischt Schrëtt an d'Aarbechtswelt vun Jonken mat Beruffsausbildung

Chancëgläichheet bei den diploméierte Männer a Fraen?

An den éischten dräi Joer, nodeem si mat der Schoul fäerdeg sinn, ass den Undeel vun diploméierte Männer, déi eng Aarbecht hunn, ëmmer méi grouss wéi dee vun den diploméierte Fraen. Dräi Joer duerno schaffe 86 % vun den diploméierte Männer, bei den diploméierte Frae sinn et 79%.

Deelzäitaarbecht ass bei den diploméierte Männer manner verbreet wéi bei den diploméierte Fraen (6% géint 19%, dräi Joer no der Schoul).

D'Remuneratioun vun den diploméierte Fraen ass dogéint mat där vun den diploméierte Männer vergläichbar.


Bei der Insertioun um Aarbechtsmaart spillt den Diplom eng ausschlaggebend Roll

D'Titulairë vun engem DAP / CATP si privilegiéiert. 68% vun hinne fannen direkt no der Schoul eng éischt Aarbechtsplaz, bei den Titulairë vun engem CCP / CCM läit dëse Prozentsaz bei 55% a bei den Techniciens diplômés (DT) bei 33%.

Iwwer d'Hallschent vun den Titulairë vun engem DAP / CATP an engem CCP / CCM ginn op hirer éischter Aarbechtsplaz mat engem Contrat à durée indéterminée (CDI) agestallt, bei den Titulairë vun engem DT läit dësen Undeel liicht iwwer engem Drëttel.

Dës lescht Kategorie huet e bësse méi Schwieregkeeten am Ufank vun hirem Parcours, rattrapéiert sech awer am Laf vun der Zäit. Esou klëmmt den Undeel vun den Titulairë vun engem DT, déi eng Aarbechtsplaz hunn, am Laf vum éischte Joer no der Schoul vun 33% op 70%. Des Weidere klëmmt den Undeel vu CDIe bei den erwerbstätegen Titulairë vun engem DT bannent dräi Joer ëm 31 Prozentpunkten.

Dräi Joer, nodeem si mat der Schoul fäerdeg sinn, hu 86% vun den Titulairë vun engem DAP / CATP eng Aarbechtsplaz, géint 79% respektiv 73% vun den Titulairë vun engem DT an engem CCP / CCM. Bei dëser leschter Kategorie geet ee vun zéng Jonken nees zeréck an d'Schoul.

Néng vun zéng Titulairë vun engem DAP / CATP hunn e Contrat à durée indéterminée, géint 77% vun den Titulairë vun engem DT a 75% vun den Titulairë vun engem CCP / CCM.

D'berufflech Insertioun vun deene Jonken, opgespléckt no Handwierk a Beruff

All dës Erfollegsfacteuren an Ongläichheeten, déi um Niveau vun der berufflecher Insertioun festgestallt goufen, mussen am Kontext vum Handwierk oder vum Beruff, op dat bzw. deen déi Jonk während hirer Formatioun higeschafft hunn, moderéiert ginn.

Den interaktiven TEVA-Barometer dokumentéiert den Zougang zu der Aarbecht jee no Handwierk a Beruff opgrond vu 17 Indikateuren (www.teva-barometre.lu). E baséiert op der Analys vum Parcours vu 5.892 diploméierten "Primo-sortants" vun der berufflecher Éischtausbildung iwwer sechs Generatiounen, tëschent de Schouljoren 2008/2009 an 2013/2014.