INFPC
Chambre des salariés (CSL)
2-4, rue Pierre Hentges
L-1726 Luxembourg
18h00 - 19h30

INFPC

+352 46 96 12 220

D'Informatiounsveranstaltunge ginn am Presentiel (limitéiert Plazen) ugebueden a simultan am Livestream iwwerdroen. D'Participantë vun de Presentiel-Veranstaltunge kréien och d'Méiglechkeet, direkt no der Präsentatioun hir Froen ze stellen.

Sech aschreiwen

Ënnert der Validation des acquis de l'expérience (VAE) versteet een eng Prozedur, mat där ee berufflech oder ausserberufflech Erfahrung valoriséiere loosse kann, fir en Ofschloss oder en Deel vun engem Ofschloss ze kréien, d. h.:

  • en Diplom oder Certificat vum Enseignement secondaire général (Diplôme de fin d'études secondaires générales, DT - Diplôme de technicien, DAP - Diplôme d'aptitude professionnelle, CCP - Certificat de capacité professionnelle),
  • eng Meeschterkart (brevet de maîtrise) am Handwierk,
  • en Universitéits- oder Héichschouldiplom oder -brevet (Master, Bachelor, BTS - Brevet de technicien supérieur).

D'VAE ass en alternative Wee, fir en Diplom ze kréien a Wëssen an Erfahrung, déi een an engem formellen, net formellen oder informelle Léierprozess gesammelt huet, unerkennen ze loossen. Si valoriséiert d'Eenzelpersoun an erliichtert d’liewenslaangt Léieren.

Eng onëmgänglech Bedéngung ass, datt d'Kandidaten iwwer mindestens 3 Joer, d. h. 5 000 Stonnen, eng bezuelten, net bezuelten oder benevole Aktivitéit mat oder ouni Ënnerbriechung an am direkten Zesummenhang mat der Certificatioun, déi ugefrot gëtt, ausgeüübt hunn.

Den INFPC presentéiert, wéi de System vun der Validation des acquis de l’expérience funktionéiert, fir datt jidderee sou gutt wéi méiglech informéiert ass.

D'Participatioun ass gratis, et muss ee sech awer aschreiwen.
Bei de Presentiel-Veranstaltunge ginn d'Gesondheetsbestëmmunge strikt agehalen. D'Participantë vun de Livestream-Veranstaltunge kréien no hirer Aschreiwung e Link, fir sech ze connectéieren.


The content of this article is the sole responsibility of its author - INFPC