Eng breet Gamm u Formatioune fir op d'Besoine vun den Apprenanten anzegoen


D'Formatiounsoffer huet sech am Laf vun der Zäit staark diversifizéiert. Dobäi ginn all d'wirtschaftlech Aktivitéitssecteuren ofgedeckt, mat un der Spëtzt d'Coursen an de Sproochen, an der Informatik, am Business Management an an der perséinlecher a berufflecher Weiderentwécklung.

Iwwer Stéchwierder oder de jeeweilege Formatiounsberäich kann een einfach no der passender Formatioun sichen. D'Resultater vun dëser Sich kënnen dann iwwer verschidde Filtere wéi Enseignementsmodus, Plaz vun der Formatioun, Dauer, Niveau oder och nach Sprooch, an där d'Formatioun gehale gëtt, affinéiert ginn. Besonnesch vill Wäert gëtt drop geluecht, datt d'Informatiounen iwwert déi presentéiert Formatiounen, z. B. Léierziler, Inhalter, Evaluatiounsmethoden, asw. gutt lieserlech sinn. D'Formatioune ginn à distance, mat decaléierten Horairen, als Owes- oder Dagescoursen ofgehalen. Si kënnen iwwer eng méi kuerz Zäit oder iwwer e puer Méint lafen.

De Site informéiert och iwwer d'Méiglechkeeten, en Diplom iwwer de Wee vun der Weiderbildung ze kréien, besonnesch am Kontext vun der Erwuessenebildung, an iwwert den Dispositif vun der Validation des acquis de l’expérience.

En eenzegaartegt Informatiounsinstrument, fir den Zougang zu der Formatioun ze erliichteren

Jiddwereen, deen op perséinlechem Plang seng Kompetenzen entwéckelen a seng Employabilitéit festege wëll, ka sech op lifelong-learning.lu beschtens informéieren. Fir säi Formatiounsprojet erfollegräich ëmzesetzen, stinn eng Rei vu Bäihëllefe fir d'Formatioun zur Verfügung, z. B. den individuelle Formatiounscongé, de Sproochecongé, den Amenagement vun der Aarbechtszäit oder eng speziell Finanzbäihëllef.

Entreprisen, déi an d'Entwécklung vun de Kompetenze vun hire Salariéen investéieren, kënnen iwwer den Dispositif vun der Kofinanzéierung vun der berufflecher Weiderbildung oder iwwer de Subside fir d'Léiere vun der lëtzebuergescher Sprooch eng finanziell Bäihëllef vum Staat ufroen.

Um Site ginn donieft och weider nëtzlech Informatiounen iwwer d'Formatioun zu Lëtzebuerg verëffentlecht: Etüden an Analysen, Evenementer, aktuell Noriichten, Legislatioun…

Eng ëffentlech Plattform am Déngscht vum Formatiounssecteur

lifelong-learning.lu ass en onverzichtbaart Instrument fir Formatiounsinstituter, déi hir Offer méi sichtbar maachen a sech um Formatiounsmarché positionéiere wëllen.

Déijéineg, déi am Beräich vun der Beschäftegung oder der Orientatioun schaffen, fannen hei déi Formatiounen, déi den Ufuerderunge vun deenen ënnerschiddlechste beruffleche Parcoursen entspriechen, genee ewéi eng Rei vun Hëllefsmëttele fir d'Orientatioun.