D'nationaalt Portal fir liewenslaangt Léieren entwéckelt sech permanent weider: Waren et 2015 nach 6.600 referenzéiert Formatiounen, dann ass dës Zuel 2021 op 10.000 geklommen, wat engem Wuesstem vu 50% a 5 Joer entsprécht. 2015 waren 169 Formatiounsinstituter als Member op der Plattform agedroen, haut sinn et der iwwer 280, d. h. iwwer 60% méi. Vun den 10.000 Formatioune ginn der 1.500 à distance ugebueden.
D'Formatiounsoffer huet sech am Laf vun der Zäit staark diversifizéiert. Dobäi ginn all d'wirtschaftlech Aktivitéitssecteuren ofgedeckt, mat un der Spëtzt d'Coursen an de Sproochen, an der Informatik, am Business Management an an der perséinlecher a berufflecher Weiderentwécklung.Iwwer Stéchwierder oder de jeeweilege Formatiounsberäich kann een einfach no der passender Formatioun sichen. D'Resultater vun dëser Sich kënnen dann iwwer verschidde Filtere wéi Enseignementsmodus, Plaz vun der Formatioun, Dauer, Niveau oder och nach Sprooch, an där d'Formatioun gehale gëtt, affinéiert ginn. Besonnesch vill Wäert gëtt drop geluecht, datt d'Informatiounen iwwert déi presentéiert Formatiounen, z. B. Léierziler, Inhalter, Evaluatiounsmethoden, asw. gutt lieserlech sinn. D'Formatioune ginn à distance, mat decaléierten Horairen, als Owes- oder Dagescoursen ofgehalen. Si kënnen iwwer eng méi kuerz Zäit oder iwwer e puer Méint lafen. De Site informéiert och iwwer d'Méiglechkeeten, en Diplom iwwer de Wee vun der Weiderbildung ze kréien, besonnesch am Kontext vun der Erwuessenebildung, an iwwert den Dispositif vun der Validation des acquis de l’expérience.En eenzegaartegt Informatiounsinstrument, fir den Zougang zu der Formatioun ze erliichteren
Jiddwereen, deen op perséinlechem Plang seng Kompetenzen entwéckelen a seng Employabilitéit festege wëll, ka sech op lifelong-learning.lu beschtens informéieren. Fir säi Formatiounsprojet erfollegräich ëmzesetzen, stinn eng Rei vu Bäihëllefe fir d'Formatioun zur Verfügung, z. B. den individuelle Formatiounscongé, de Sproochecongé, den Amenagement vun der Aarbechtszäit oder eng speziell Finanzbäihëllef.
Entreprisen, déi an d'Entwécklung vun de Kompetenze vun hire Salariéen investéieren, kënnen iwwer den Dispositif vun der Kofinanzéierung vun der berufflecher Weiderbildung oder iwwer de Subside fir d'Léiere vun der lëtzebuergescher Sprooch eng finanziell Bäihëllef vum Staat ufroen.