Den INFPC organiséiert de 14. an de 16. Juni an Zesummenaarbecht mat de Beruffschamberen a mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend zwou Informatiounsveranstaltungen iwwer d'Bäihëllefen am Formatiounsberäich fir Privatpersounen.
Dës Hëllefen, déi ënner bestëmmte Bedéngungen accessibel sinn, ginn ugebueden a Form vu Spezialcongé (individuelle Congé, Sproochecongé, Jugendcongé), vun Aarbechtszäitmoossnamen (perséinlechen Amenagement vun der Aarbechtszäit, onbezuelte Congé fir d'Weiderbildung) a spezifesche Subsiden.D'Informatiounsveranstaltunge fannen en présentiel statt a ginn och am Livestream iwwerdroen, dëst méindes, de 14. Juni um 18:00 Auer op Franséisch a mëttwochs, de 16. Juni um 18:00 Auer op Lëtzebuergesch, an der Chambre des Salariés, 2-4 rue Pierre Hentges, L-1726 LëtzebuergD'Participatioun ass gratis. D'Umeldung ass obligatoresch, souwuel fir d'Veranstaltung en présentiel wéi fir de Livestream: www.infpc.lu/inscription-aides.