Persounen, déi sech weiderbilde wëlle fir hir Kompetenzen auszebauen, hir Talenter ze verstäerken oder de Beruff ze wiesselen an hir Karriär virunzedreiwen, kënne verschidde Bäihëllefe fir d'Weiderbildung an Usproch huelen.

Dës Hëllefen, déi ënner bestëmmte Bedéngungen accessibel sinn, ginn ugebueden a Form vu Spezialcongé (individuelle Congé, Sproochecongé, Jugendcongé), vun Aarbechtszäitmoossnamen (perséinlechen Amenagement vun der Aarbechtszäit, onbezuelte Congé fir d'Weiderbildung) a spezifesche Subsiden.

D'Informatiounsveranstaltunge fannen en présentiel statt a ginn och am Livestream iwwerdroen, dëst méindes, de 14. Juni um 18:00 Auer op Franséisch a mëttwochs, de 16. Juni um 18:00 Auer op Lëtzebuergesch, an der Chambre des Salariés, 2-4 rue Pierre Hentges, L-1726 Lëtzebuerg

D'Participatioun ass gratis. D'Umeldung ass obligatoresch, souwuel fir d'Veranstaltung en présentiel wéi fir de Livestream: www.infpc.lu/inscription-aides.