All d'Informatiounen op ee Bléck: Bäihëllefe fir d'Formatioun, iwwer de Wee vun der Weiderbildung zougänglech Diplomer, Validation des acquis de l’expérience…



Op lifelong-learning.lu ginn all d'Bäihëllefen am Beräich vun der Formatioun virgestallt. De User kritt hei all déi néideg Informatioune fir erauszefannen, wéi eng Bäihëllef sengem Profil entsprécht a wéi en un déi zoustänneg Stell eruntriede kann: den individuelle Formatiounscongé, de Sproochecongé, d'Kofinanzéierung vun der Formatioun am Betrib, d'Validation des acquis de l’expérience…

De Site referenzéiert och all d'Méiglechkeeten, déi Erwuessener hunn, fir en Diplom vum Enseignement secondaire oder en Héichschouldiplom ze kréien: Diplomer vun der Beruffsausbildung am Kader vun der Erwuessenebildung, Owescoursen, déi fir verschidden Divisioune vum Enseignement secondaire général a classique zougänglech sinn, Bachelor- a Master-Diplomer…

9.800 Formatioune fir alle Besoine gerecht ze ginn
lifelong-learning.lu stellt Entreprisen a Privatpersounen eng Offer vun iwwer 9.800 Formatioune vun 248 Prestatairen zur Verfügung. Ugebuede ginn hei Dagescoursen, Coursë mat decaléierten Horairen, Owescoursen, Coursen iwwer de Weekend oder a Form vun E-Learning. D'Offer vu Formatiounen deckt all Beräicher of: Finanzen, Informatik, Comptabilitéit, perséinlech Weiderentwécklung, Sproochen…


Méi iwwer den INFPC
Den Nationalen Institut fir d'Fërderung vu berufflecher Weiderbildung (INFPC) ass en Etablissement public, deen dem Educatiounsministère ënnerstallt ass.