lifelong-learning.lu, déi national Plattform fir d'liewenslaangt Léieren, ass en onëmgänglecht Instrument fir all Froen am Zesummenhang mat der Formatioun. De Site adresséiert sech un all Persounen, déi hir Kompetenze weiderentwéckelen oder en Diplom iwwer de Wee vun der Weiderbildung kréie wëllen. D'Entreprisë fannen hei all d'Informatioune fir d'Ausschaffe vum Formatiounsplang fir hir Mataarbechter. lifelong-learning gëtt et elo och op Lëtzebuergesch.
Op lifelong-learning.lu ginn all d'Bäihëllefen am Beräich vun der Formatioun virgestallt. De User kritt hei all déi néideg Informatioune fir erauszefannen, wéi eng Bäihëllef sengem Profil entsprécht a wéi en un déi zoustänneg Stell eruntriede kann: den individuelle Formatiounscongé, de Sproochecongé, d'Kofinanzéierung vun der Formatioun am Betrib, d'Validation des acquis de l’expérience…
De Site referenzéiert och all d'Méiglechkeeten, déi Erwuessener hunn, fir en Diplom vum Enseignement secondaire oder en Héichschouldiplom ze kréien: Diplomer vun der Beruffsausbildung am Kader vun der Erwuessenebildung, Owescoursen, déi fir verschidden Divisioune vum Enseignement secondaire général a classique zougänglech sinn, Bachelor- a Master-Diplomer…
9.800 Formatioune fir alle Besoine gerecht ze ginnlifelong-learning.lu stellt Entreprisen a Privatpersounen eng Offer vun iwwer 9.800 Formatioune vun 248 Prestatairen zur Verfügung. Ugebuede ginn hei Dagescoursen, Coursë mat decaléierten Horairen, Owescoursen, Coursen iwwer de Weekend oder a Form vun E-Learning. D'Offer vu Formatiounen deckt all Beräicher of: Finanzen, Informatik, Comptabilitéit, perséinlech Weiderentwécklung, Sproochen…Méi iwwer den INFPCDen Nationalen Institut fir d'Fërderung vu berufflecher Weiderbildung (INFPC) ass en Etablissement public, deen dem Educatiounsministère ënnerstallt ass.