Persounen, déi hir Kompetenzen ausbauen, hir Talenter stäerken oder de Beruff wiesselen an hir Karriär virundreiwe wëllen, hunn Usproch op Bäihëllefe fir d'Weiderbildung.

Dës Bäihëllefen, déi u verschidde Konditioune gebonne sinn, gi bereetgestallt a Form vu Spezialcongé (individuelle Formatiounscongé, Sproochecongé, Jugendcongé), Mesuren am Beräich vun der Aarbechtszäit (perséinlechen Amenagement vun der Aarbechtszäit, onbezuelte Formatiounscongé) oder spezielle Subsiden.

D'Informatiounsveranstaltunge fanne statt:
  • Méindes, den 16. Mee 2022 op Lëtzebuergesch (18:00-19:30 Auer)
  • Mëttwochs, den 18. Mee 2022 op Franséisch (18:00-19:30 Auer)
an der Chambre des salariés (2 - 4 rue Pierre Hentges, L-1726 Luxembourg). Si ginn als Presentiel-Veranstaltungen (limitéiert Plazen) ugebueden an am Livestream iwwerdroen.

D'Participatioun ass gratis an d'Umeldung op www.infpc.lu/inscription-aides ass obligatoresch.

Méi Informatiounen: lifelong-learning.lu