An Zesummenaarbecht mat de Beruffschamberen a mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert den INFPC den 22. an den 24. Mee 2023 zwou Informatiounsveranstaltungen iwwer d'Bäihëllefen am Formatiounsberäich fir Privatpersounen.

Persounen, déi hir Kompetenzen ausbauen, hir Talenter stäerken oder de Beruff wiesselen an hir Karriär virundreiwe wëllen, hunn Usproch op Bäihëllefe fir d'Weiderbildung.

Dës Bäihëllefen, déi u verschidde Konditioune gebonne sinn, gi bereetgestallt a Form vu Spezialcongé (individuelle Formatiounscongé, Sproochecongé, Jugendcongé), Mesuren am Beräich vun der Aarbechtszäit (perséinlechen Amenagement vun der Aarbechtszäit, onbezuelte Formatiounscongé) oder spezielle Subsiden.

D'Informatiounsveranstaltunge fanne statt:

  • Méindes, den 22. Mee 2023 op Franséisch (18:00-19:30 Auer)
  • Mëttwochs, den 24. Mee 2023 op Lëtzebuergesch (18:00-19:30 Auer)

an der Chambre des salariés (2 - 4 rue Pierre Hentges, L-1726 Luxembourg). Si ginn als Presentiel-Veranstaltungen ugebueden an am Livestream iwwerdroen.

D'Participatioun ass gratis an d'Umeldung op www.infpc.lu/inscription-aides ass obligatoresch.

Méi Informatiounen: lifelong-learning.lu