Ministère de la Digitalisation
LuxExpo The Box
10, Circuit de la Foire internationale
L-1347 Luxembourg-Kirchberg
10h30 - 17h00

Ministère de la Digitalisation

Kontakt">Kontakt

8002 11 11

Gratuit

De Ministère fir Digitaliséierung invitéiert Iech op de Salon fir digital Inklusioun, organiséiert am Kader vum Nationalen Dag fir digital Inklusioun 2025.

Kommt a profitéiert vun dëser eenzegaarteger Geleeënheet fir op enger Plaz Vertrieder vu verschiddene Associatiounen, Firmen an ëffentlechen Entitéiten ze treffen, déi komm sinn fir Erklärungen zu hiren digitalen Servicer a Projete ze ginn.

Dësen Salon ass dat éischt allgemeng ëffentlecht Event vun dëser Aart, dat zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt, an ass en Deel vun den Efforten vum Digitaliséierungsministère fir all déi Leit, déi de digitale Wee wielen, an déi digital Transitioun vun der Gesellschaft matazebezéien.

Op der Plaz kënnt Dir Representanten vu verschidden Organisatiounen treffen:

  • Afrilanthrophy
  • Agence eSanté
  • APEMH
  • BGL BNP Paribas
  • Centre pour le Développement des compétences relatives à la Vue
  • Club Aktiv +
  • Dysaccess
  • ErwuesseBildung
  • GoldenMe
  • Guichet.lu / MyGuichet
  • lifelong-learning.lu powered by INFPC
  • Luxembourg Multi-Learn Institute
  • Luxembourg Tech School
  • LuxTrust
  • POST Luxembourg
  • Stëftung Hëllef Doheem
  • Zentrum fir Lëtzebuerger Sprooch
  • Zentrum fir politesch Bildung
  • ...

Weider Informatiounen op zesummendigital.public.lu


Le contenu de cet article est de la seule responsabilité de son auteur - Ministère de la Digitalisation