INFPC
Chambre des salariés (CSL)
2-4, rue Pierre Hentges
L-1726 Luxembourg
18h00 - 19h30
D'Informatiounsveranstaltunge ginn als Presentiel-Veranstaltungen (limitéiert Plazen) ugebueden a simultan am Livestream iwwerdroen. D'Participantë vun de Presentiel-Veranstaltunge kréien och d'Méiglechkeet, direkt no der Veranstaltung hir Froen ze stellen.

Ënnert der Validation des acquis de l'expérience (VAE) versteet een eng Prozedur, mat där ee berufflech oder ausserberufflech Erfarung valoriséiere loosse kann, fir en Ofschloss oder en Deel vun engem Ofschloss ze kréien,

d. h.:

  • en Diplom oder Certificat vum Enseignement secondaire général (Diplôme de fin d'études secondaires générales, DT - Diplôme de technicien, DAP - Diplôme d'aptitude professionnelle, CCP - Certificat de capacité professionnelle),
  • eng Meeschterkart (brevet de maîtrise) am Handwierk,
  • en Universitéits- oder Héichschouldiplom oder -brevet (Master, Bachelor, BTS - Brevet de technicien supérieur).

D'VAE ass en alternative Wee, fir en Diplom ze kréien a Wëssen an Erfarung, déi een an engem formellen, net formellen oder informelle Léierprozess gesammelt huet, unerkennen ze loossen. Si valoriséiert d'Eenzelpersoun an erliichtert d’liewenslaangt Léieren.

D'VAE gëllt fir all Zilgruppen, onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun.

D'Kandidate fir d'VAE mussen hir bezuelten oder benevole Aktivitéit mat oder ouni Ënnerbriechung mindestens 3 Joer, d. h. 5.000 Stonnen, ausgeübt hunn. Den Diplom, fir deen eng VAE-Demande agereecht gëtt, muss mat der ausgeübter Aktivitéit zesummenhänken.

Den INFPC presentéiert, wéi de System vun der Validation des acquis de l’expérience funktionéiert, fir datt jidderee sou gutt wéi méiglech informéiert ass.

D'Informatiounsveranstaltunge gi vum INFPC an Zesummenaarbecht mat der Chambre d'Agriculture, der Chambre de Commerce, der Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics, der Chambre des Métiers, der Chambre des Salariés an dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend organiséiert.

D'Participatioun ass gratis, d'Umeldung fir d'Versammlung ass obligatoresch.
Bei de Presentiel-Veranstaltunge ginn d'Gesondheetsbestëmmunge strikt agehalen. D'Participantë vun de Livestream-Veranstaltunge kréien no hirer Aschreiwung e Link, fir sech ze connectéieren.

Sech umellen.


Le contenu de cet article est de la seule responsabilité de son auteur - INFPC