D'VAE erlaabt et, seng berufflech a perséinlech Erfarung valoriséieren ze loossen, fir iwwer dëse Wee eng Qualifikatioun oder eng Deelvalidatioun, Zougang zu engem Formatiounsparcours oder eng Dispens vu verschiddene Coursë vun engem Studieprogramm ze kréien. Betraff sinn déi follgend Qualifikatiounen:
  • de Certificat de capacité professionnelle (CCP), den Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP), den Diplôme de technicien (DT), den Diplôme de fin d’études secondaires générales an d'Meeschterkaart (Brevet de maîtrise);
  • de Brevet de technicien supérieur (BTS);
  • den Zougang zum Studiegang oder d'Erhale vu partiellen Dispensë fir Bachelor- a Master-Studien.

D'Informatiounsveranstaltunge fanne statt:

  • Méindes, den 21. Mäerz 2022 op Lëtzebuergesch (18:00-19:30 Auer);
  • Donneschdes, de 24. Mäerz 2022 op Franséisch (18:00-19:30 Auer);

an der Chambre des salariés (2-4, rue Pierre Hentges L-1726 Luxembourg). Si ginn als Presentiel-Veranstaltungen organiséiert (limitéiert Plazen) an am Livestream iwwerdroen.

D'Participatioun ass gratis, mat obligatorescher Umeldung op www.infpc.lu/inscription-vae.