RTL - ADEM
Akafszenter Cloche d'Or
25, boulevard F.W Raiffeisen
L-2411 Luxembourg
8h-18h

RTL - ADEM

Den RTL Jobdag, en Donneschdeg 2. Februar op RTL. Zesumme mat der ADEM.

Duerch d'Krise si vill Leit op der Sich no Aarbecht. Dowéinst invitéiert RTL Iech op den Jobdag.

Vu Moies 6:30 Auer u presentéieren Patronen hier fräi Aarbechtsplazen um Radio an Dir kritt wéi gewinnt méi Informatiounen um Telefon 1381.

Wann eppes fir Iech dobäi ass, dann zéckt net a kommt an d'Cloche d'Or tëscht 8 an 18 Auer den 2. Februar laanscht. Jiddereen ass wëllkomm vergiesst just ären CV net matzebréngen.

Eng ganz Rei Patronen si live um Radio an nach vill aaner Job Offeren op jobs.rtl.lu.

Dir sicht och nei Mataarbechter fir äre Betrib? Da Registréiert är fräi Plazen elo op jobdag.lu.


Für den Inhalt dieses Artikels ist allein der Autor verantwortlich - RTL - ADEM