Formatiouns-Observatoire

De Formatiouns-Observatoire vum INFPC féiert Etüden duerch, analyséiert d'Tendenzen a stellt säi Fachwëssen am Beräich vum liewenslaange Léieren zur Verfügung.

Déi realiséiert Etüden an Ëmfroe sollen ëffentlech a privat Decideuren dobäi ënnerstëtzen, hir Formatiouns- a Beschäftegungspolitik ze steieren.

Fir seng Aufgab erfëllen ze kënnen, ass den Observatoire a Kontakt mat den institutionellen Acteuren, déi am Beräich vun der Educatioun, der Orientatioun an dem liewenslaange Léieren täteg sinn.

Méi iwwer dës Etüden an Analyse gitt Dir gewuer, op der Säit vum Formatiouns-Observatoire.

Formatiounspraktike vun den Entreprisen

De Formatiouns-Observatoire analyséiert den Zougang vun de Mataarbechter zu der Formatioun an de Formatiounseffort vun den Entreprisen op der Grondlag vun den Donnéeën, déi am Kader vun den Demande fir de Kofinanzement vun der Formatioun an de Betriber erhuewe ginn.

 Wousst Dir dat?

2020 investéieren d'Entreprisen, déi eng staatlech Bäihëllef fir de Finanzement vun hirem Formatiounsplang ufroen, 1,1% vun hirer Lounmass an d'Formatioun. D'Salariéë suivéieren am Duerchschnëtt 4,1 Formatioune mat enger Dauer vun 3,2 Stonnen an d'finanziell Bäihëllef vum Staat beleeft sech op 122 Euro pro Salarié. Méi doriwwer.

D'Formatiounsoffer

Fir de Marché vun der Formatioun besser kennenzeléieren, féiert de Formatiouns-Oberservatoire reegelméisseg eng Ëmfro iwwer d'Weiderbildungsoffer duerch. Bei dëser Ëmfro maache verschidde Kategorië vu Formatiounsinstituter mat: privat Instituter, institutionell/sektoriell Instituter, A.s.b.l.en.

 Wousst Dir dat?
Déi privat Instituter hunn an der Moyenne 8 bis 9 Joer Erfarung am Formatiounsberäich. Et handelt sech hei gréisstendeels ëm ganz kleng Strukturen: 65% vun den Instituter hu manner ewéi fënnef Salariéen. Méi doriwwer.

Den Iwwergang vun der Schoul an d'Beruffsliewen

Jugendlechen ze erméiglechen, séier an dauerhaft eng qualitativ Aarbechtsplaz ze kréien, ass eng gesellschaftlech Erausfuerderung. Genee mat deem Theema befaasst sech d'Etüd "Transition École-Vie active - TEVA", déi vum Formatiouns-Obervatoire duerchgefouert gëtt, an déi déi dräi éischt Joer am Beruffsliewe vun de Schüler nom Verloosse vun der Schoul analyséiert.

Unhand vun engem Online-Barometer, deen op www.lifelong-learning.lu/teva accessibel ass, kënnen d'Fortschrëtter am Beräich vun der berufflecher Insertioun a vun der Qualitéit vun den Aarbechtsplazen, déi d'diploméiert Kandidaten direkt nom Ofschloss vun hirer initialer Beruffsausbildung unhuelen, gemooss, verglach a suivéiert ginn.

Refernet Luxembourg

Den INFPC ass zoustänneg fir déi national Koordinatioun vu ReferNet, dem europäesche Referenz- an Expertise-Reseau fir d'berufflech Aus- a Weiderbildung, dee vum Cedefop animéiert gëtt.

De Cedefop (Centre européen pour le développement de la formation professionnelle - Europäeschen Zentrum fir d'Entwécklung vun der Beruffsausbildung) fërdert d'Entwécklung vun der europäescher Politik am Beräich vun der berufflecher Bildung an Ausbildung an dréit zu hirer Ëmsetzung bäi.

Fir méi gewuer ze ginn, Rendez-vous um Site vu ReferNet Luxembourg.